Invitatioun op eist Spill- an Grillfest

Samschdeg, den 7. Juli  2012 op den Tennisfelder zu Izeg

Et ginn Doublen a Simplen gespillt fir eis Memberen vu mueres 10 Auer un. Em 11 Auer gëtt et och Spiller fir déi Kleng. All Kanner déi matmaachen, kréi’en e Bong fir eng gratis Consommatioun. Matspillen kann all Member deen en Abonnement 2011 oder 2012 bezuelt huet oder deen een vun eisen organiséierten Coursen matgemach huet. D’Präisverdeelung ass ëm 5 Auer mëttes, a jiddereen dee matgemaach huet kritt ee Präis.

Wien matspille wëll, dee soll sech umellen beim Roby GILLET (Tel 36 54 15) oder iwwert d’e-mail adress rgillet@pt.lu bis spéitstens den 6. Juli.

FIR IESSEN AN DRENKEN ASS BESCHTENS GESUERGT!!!

Mir freeën eis op äre Besuch

TC Grillfest Summer 2012

0 Responses to “Invitatioun op eist Spill- an Grillfest”


Comments are currently closed.